Julie Conrad Design Studio | E LIVING AN AMERIKA

E LIVING AN AMERIKA

Illustration

Client: Kinneksbond Mamer

Project (lu): “Um Enn vum 19. Joerhonnert, kämpft eng Famill aus Mamer – wéi vill aner Famillen zu där Zäit – ëm d’Iwwerliewen. D’Zäite si schlecht zu Lëtzebuerg. Aus der Nout eraus, decidéiert de Papp, mat senger Fra an den zwee Kanner, d’Land ze verloossen an an Amerika auszewanderen. No enger laanger a beschwéierlecher Rees, kënnt d’Famill op der anerer Säit vum grousse Pull un an entdeckt eng ganz nei Welt – eng ganz nei a verwonnerlech Welt. Ob si do hiert Gléck fannen? Dat ass eng aner Fro…

Eng ural Story? Villäicht.
Eng Schnok vu fréier? Eventuell.
Een historesch korrekt erzielten Drama? Neen.

D’Geschicht widderhëlt sech a Parallelen zu haut sinn net ze iwwersinn. Genee wéi dës Famill vu Mamer, sinn zanter éiwegen Zäite Leit ënnerwee op der Sich nom Gléck, no Sécherheet, no Fridden. Oder einfach no enger Verännerung.

E Living an Amerika – eng witzeg Farce, deelweis absurd an oft ganz grotesk, mat uspriechender Musek a flotte Gesangspassagë fir Solisten a Chouer.”