Julie Conrad Design Studio | OH! Open Home / Oppent Haus

OH! Open Home / Oppent Haus

Logo Design

Client: OH!

 

“D’Initiativ OPPENT HAUS sensibiliséiert, informéiert a setzt iech mat Flüchtlingen a Kontakt déi en Doheem sichen. (ENG see below)

Zu Lëtzebuerg sinn am Moment ca. 3000 Réfugiéen gewëllt en neit Liewen unzefänken. En Doheem ze hunn ass ouni Zweifel ee vun de groussen Défien. De Logementsmarché ass fir vill Leit schwiereg, mee fir Refugiéen ass et quasi onméiglech eng Wunnéng ze fannen. D’Foyéen sinn iwerfëllt, d’Liewenskonditiounen an de Foyéen schwéier iwwert länger Zäit ze erdroen.
Speziell Refugiéen ënnert 25 Joer sinn extreem vulnerabel well déi finanziell Ënnerstëtzung déi se kréien net duergeet fir kënnen e Loyer ze bezuelen. Awer och “Demandeurs de protection internationale” déi nach kee Statut hu wiere frou an enger Famill ze wunnen. Lëtzebuerger Residente kënnen aktiv a perséinlech zur Intégratioun vun de Flüchtlinge bäidroen, d’sozial Cohäsioun förderen andeem se e Refugié, eng Refugiésfamiljen oder e Résident an Wunnengsnout bei sech Doheem ophuelen.”