Julie Conrad Design Studio | *CARRYME* LAPTOP SLEEVE

*CARRYME* LAPTOP SLEEVE

Produit an Auto-édition, disponibel an eisem Webshop.

 

Du mengs wahrscheinlech dass ech nëmmen eng einfach Enveloppe sinn, mee ech kann däi wäertvoll Laptop viru Schrummen an virwëtzege Blécker schützen.

Diskret wann ech gedroe ginn, weisen ech meng Faarwen wann ech benotzt ginn. Du kanns mech mat Hëllef vu menge Ficellen aus Textil droen.

Ech weess dass ech immens schmächteg ausgesinn, trotzdeem sinn ech immens staark. Huel mech mat, egal wou s de gees. Ech reese ganz gär oder sëtze mech an e Bar fir e bëssen ze schaffen.

PS: Wann s de mech am Wäissen eraussichs kanns de mech mat deene Faarwe bemolen déi s de am Léifsten hues.

***

Gehéiert zu der UNPAPER *carryme* KOLLEKTIOUN: A Lëtzebuerg hiergestallten an handgemaachten Objeten aus Dupont™ Tyvek®. De Produit ass zugläich liicht a resistent.

Shop